Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit "Modu 2.0" elo och op Lëtzebuergesch

Ee vun den Haaptmessagë vum Update 2018 vun der Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit ass, datt substanziell Verbesserungen op kuerz a mëttelfristeg Dauer méiglech sinn.

Während de Staat de Retard am Beräich vun den Infrastrukturen ophëlt, d’Qualitéit vun der Offer am ëffentlechen Transport verbessert an e kohärent multimodaalt Konzept fir d’Mobilitéit am Hibléck op 2035 ausschafft, kënnen d’Gemengen, d’Employeuren an d’Bierger hirersäits eng ganz Rei Mesuren ëmsetzen, déi am Dokument ausféierlech virgestallt ginn.

Fir all dësen Acteuren de Modu 2.0 zougänglech ze maachen, stellt de Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur op www.modu2.lu nieft der franséischer an der däitscher Versioun vun der Broschür elo och eng lëtzebuergesch Versioun zum Download bereet.

Communiqué vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur

Aktualiséiert