Claude Wiseler au sujet du dossier Cargolux et des élections anticipées

Sascha Georges: Gudde Moien, Här Wiseler.

Claude Wiseler: Gudde Moien.

Sascha Georges: Ugefaange mam Dossier Cargolux. E Freideg gouf gemellt, datt et e Préjugé favorable fir den Investitiounsgrupp HNCA aus der chinesescher Provënz Henan gëtt, fir déi 35% bei der Cargolux ze kafen, déi de Staat vu Qatar Airways iwwerholl huet. Den Deal kéint jo elo awer an eng Zäit falen, wou keng Chamber do ass. Geet dat iwwerhaapt? Sidd Dir iwwerhaapt nach an der Legitimatioun fir den Deal ofzeschléissen, oder misst op déi nächst Regierung gewaart ginn?

Claude Wiseler: Mir hu just dat gemaach, wat mir mat der Chamber bis elo ofgemaach haten. Mir hunn eng Businessbank, e grousse Cabinet d’avocats op den Dossier gesat, déi eis all déi Offeren, déi mir krut hunn, analyséiert hunn an déi elo eng vun deenen Offeren als déi sënnvollst virgeschloen hunn.

Elo geet et dorëm, an deenen nächste Wochen déi ganz Analys ze maachen. Do mussen déi verschidde Boarden, et muss mat de Gewerkschafte geschwat ginn, alles dat ass dat wat elo usteet. Dat hëlt elo nach e puer Wochen. Menger Usiicht no kënne mir do keng Décisioun sécherlech virun dëse Wahlen huelen.

Et ass esou, datt dee Kalenner ofgemaach war scho viru 6, 8, 10 Méint. Ech hunn deen net erfonnt. D’Wahle sinn dotëscht komm. Dat bréngt eis elo an eng besonnesch Situatioun. Do musse mir Léisunge fannen. Mä ech weess net, a wat fir engen Termäiner dat Ganzt elo fäerdeg gëtt fir eng Décisioun kënnen ze huelen. Dofir ass et ganz schwéier an dësem Moment op déi do Fro ze äntwerten.

Sascha Georges: An ofwaarden?

Claude Wiseler: Ma datt awer eng muss geholl ginn, dat ass kloer, well de Business-Plang vun der Cargolux gesäit vir, datt eng Augmentation de capital am Ufank d’nächst Joer soll kommen. Déi muss mat engem neien Aktionär gemaach ginn. An dofir ass [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Zäitdrock also.

Claude Wiseler: Et ass en Zäitdrock do, an da muss een eng Léisung an deem Dossier fannen. An déi Léisung muss fonnt ginn zum Beschte vu Cargolux. An et ass dofir wou mir, mengen ech, alleguer solle schaffen.

Sascha Georges: A wéi wäit décidéiert Dir elo an deem Dossier, oder ass et just den Aktionariat deen décidéiert?

Claude Wiseler: Den Aktionariat, an dësem Fall ass de Staat Aktionär a verkeeft 35% vun den Aktien déi him elo gehéieren. Dofir ass leschtendlech de Staat deen dat, d’Regierung déi dat décidéiert. Mä d’Regierung hëlt sécherlech keng Décisioun, well hei och e kommerziellen Accord um Spill steet, ouni datt déi kommerziell Säit kloer ass, ouni also mat deenen eenzelne Boarden, mam Board vun der Cargolux geschwat ze hunn, wou och d’Gewerkschaften dra representéiert sinn.

Sascha Georges: Wat bréngt d’HNCA der Cargolux? Wéi eng Garantië kann HNCA ginn?

Claude Wiseler: Ech kann elo net op den Inhalt dovunner agoen, well mir jo hei nach an enger kommerzieller Prozedur sinn [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Oder anescht gefrot, wéi eng fuerdert Dir, wéi eng Garantië fuerdert Dir? Wéi eng hätt Dir gären?

Claude Wiseler: Fir mech ass et wichteg, datt et kloer ass, datt keng Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, datt et kloer ass, datt de Flughafe Findel och kann esou weiderfueren, datt wat hei ass och hei bleift, an datt d’Cargolux an dee ganzen Ensembel zur Entwécklung vun der Fluggesellschaft eng grouss Strategie fiert, an datt och d’Zukunft vum Flughafen Lëtzebuerg am Virdergrond steet. Dat ass dat wat mir musse kréien. An ech mengen, do si mir um ganz gudde Wee mat där hei Offer.

Sascha Georges: D’Gewerkschafte fäerten awer e bëssen, wat de Flughafen Lëtzebuerg ugeet, nämlech datt d’Maintenance géif a China ausgelagert ginn. Wat sot Dir dozou?

Claude Wiseler: Jo, dat ass net de Fall. Ech verstinn all Ängschten, mä ech mengen, et geet elo emol fir d’éischt drëm, datt d’Gewerkschaften, respektiv hir Vertrieder an de Boarden och emol einfach eng Kéier erkläert kréien, wou mir dann elo dru si mat den Négociatiounen. An da mengen ech, datt vill Ängschte fort sinn.

Sascha Georges: Mir bleiwe beim Thema Transport, a komme bei den Tram. An deem Dossier kënnt ëmmer nees d’Kritik, et wier e Prestigeprojet, deen a méi schwéieren Zäite wéi elo, wou muss gespuert ginn, net sollt realiséiert ginn. Wat sot Dir dozou?

Claude Wiseler: Jo, ech héieren dat och oft, mä esou ass et awer net. Et ass sécher kee Prestigeprojet, soss géing ech e wierklech net wëllen. Fir mech ass dat e Projet dee mir einfach brauchen, well et deen eenzegen ass deen eis d’Kapazitéit gëtt fir déi Leit ze transportéieren, déi mir an Zukunft duerch d’Stad Lëtzebuerg mussen transportéieren.

Kuckt emol, mir hu momentan 25.000 Aarbechtsplazen um Kierchbierg, dat geet an deenen nächsten 10-15 Joer op bis zu 50.000 erop. Wéi wëllt Dir déi all Moien op de Kierchbierg kréien, all Owend erëm erof kréien, ouni datt mir déi genügend Kapazitéit am ëffentlechen Transport kréien? Mir brauchen déi Kapazitéit am ëffentlechen Transport. Et ass kee Prestigeprojet, mä et ass een, deen eis einfach hëlleft e grousse Problem léisen.

Sascha Georges: Bleiwe mir do am Zäitplang, Enn 2017, respektiv och, bleiwe mir bei deem Präis?

Claude Wiseler: Jo, ech hunn e Gesetzesprojet déposéiert, also unhuele gelooss am Regierungsrot virleschte Freideg, an do ass dee selwechte Präis wéi en ugi war virun 2-3 Joer [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Dat war bei anere Projete jo och esou. Déi sinn awer méi deier ginn.

Claude Wiseler: Jo, dat ass richteg. Ma ech mengen, d’Leit maache sech hei awer och e wéineg Gedanken iwwer dat wat esou e Schinnebau ass. Mir hunn hei d’Stroossen, wou d’Schinnen drageluecht ginn, déi gehéieren dem Staat. Den Ënnerbau ass do. D’Schinne mussen drop geluecht ginn. Et ass am Fong, wann een et esou kuckt, e relativ einfache Chantier, verglach zu Stroosse wou mir Tunnelle bauen an ähnlech Saachen. Esou datt, vun der Envergure a vun der Zäitspan déi mir brauchen, dat duerchaus iwwerbléckbar ass. Also, ech si ganz confiant, datt mir, éischtens de Präis, zweetens d’Datume kënnen anhalen.

An d’ailleurs wëll ech Iech soen, datt mir an deene leschten 8, 9 Joer, säit ech an den Travaux publics sinn, ganz wéineg Problemer vun deem do Genre haten.

Sascha Georges: Elo si mir bei Ärem Superministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen. Wéi fält dann elo Äre Bilan do aus? War et gutt, datt do esou e Cumul war vu Ressorten, oder géift Dir déi erëm trennen?

Claude Wiseler: Wat ganz kloer ass, dat ass, datt déi Ministèrë vum Transport, vun den Travaux publics, vum Aménagement du territoire ganz enk zesummegewuess si fir e groussen Infrastrukturministère ze maachen.

Dobäi ass den Environnement, an ech mengen, dat hat och an deene leschte 4 Joer eng ganz wichteg Fonctioun, well et huet eis awer dozou gefouert, datt eng ganz Rei Problemer an de Prozedure konnten au préalable geléist ginn. Dat heescht, mir hu se am Viraus geléist, an duerno ass et net zu Blockagen an den Dossiere komm. Et huet een natierlech net gesinn, wann et net zu Blockage komm ass, well déi jo virdru geléist waren. Dat heescht, d’Efficacitéit kann een eréischt en interne schätzen, an ech soen Iech, datt vill Problemer, déi sinn eis erspuert bliwwen, well mir deen do System konnten hunn.

Sascha Georges: An dee Ministère géif Iech och weider interesséieren?

Claude Wiseler:Selbstverständlech.

Sascha Georges: Domat si mir och beim Thema Wahlen ukomm. D’SREL-Affär huet zu dësen Neiwahle gefouert. D’CSV spillt do e bëssen d’Affer, dat vum Koalitiounspartner LSAP verrode gouf. Wat haalt Dir vun dëser Afferroll?

Claude Wiseler: Ech hale guer näischt vun där do Formule. Éischtens si mir eis déi Wahlen net siche gaangen. Schlussendlech ass et awer esou, datt mir se wollten, well ee gesinn huet, datt d’Situatioun keng aner Solutioun méi erginn huet. An ech mengen, datt mir eis net an iergend enger Afferroll spieren.

Sascha Georges: Dir fillt Iech also net verrode vum Koalitiounspartner?

Claude Wiseler: Ech spieren elo, datt mir an enger Wahlcampagne sinn, wou mir mat engem Programm draginn, wou mir fir d’Zukunft Pläng hunn, a wou mir frou wiere wann de Wieler eis d’Vertraue géing schenke fir déi Pläng ze realiséieren. An dat ass alles wat ech elo spieren. An ech si frou wa mir kënnen e Stréch zéien. Ech wier frou wa kann en neien Départ an der Regierung geholl ginn, well dat war noutwenneg.

Sascha Georges: Äre Parteipresident Michel Wolter huet eng Dräierkoalitioun tëscht LSAP, DP an Déi Gréng als neie Géigner bezeechent. Wat haalt Dir vun esou enger Dräierkoalitioun? Gesitt Dir och e Géigner doran?

Claude Wiseler: Ech gesinn d’CSV net an enger Dräierkoalitioun. In Folge dessen ginn ech dovun aus, datt dat eng Koalitioun ass, éischtens wou mir net dra sinn, a wou mir also och net wëllen, a wou ech och mengen, datt se fir d’Land net gutt wier, well se net en Zeeche vu Stabilitéit wier, déi een awer an dësen Zäite sécher an enger Regierung onbedéngt brauch.

Sascha Georges: Wie wier dann Ären ideale Koalitiounspartner?

Claude Wiseler: Dat ass um Wieler ze entscheeden. Dat kann ech elo net soen. Ech hoffen, datt d’CSV an enger Koalitioun ass, mat wellechem Koalitiounspartner och ëmmer. Mä datt mir eng staark Regierung kréien, fir d’Land an d’Zukunft ze féieren.

Sascha Georges: Vläicht ofschléissend nach dat hei. Am Spiegel steet, datt de Jean-Claude Juncker Spëtzekandidat fir d’EVP fir de Kommissiounspresidentsposte wier. Hutt Dir eppes an där Richtung héieren? Wat kënnt Dir eis dozou soen?

Claude Wiseler: Neen, ech hunn näischt an där Richtung héieren. Ech partizipéieren och net un iergendwelleche Spekulatiounen. Ech si just stolz, datt ëmmer erëm CSV-Politiker fir Spëtzenämter virgeschloe sinn. De Staatsminister kéint dat sécher maachen, mä ech weess, datt no de Wahlen de Staatsminister, hoffen ech, Staatsminister weider bleift, wann de Wieler dat esou wëll. A wann de Wieler et wëll, sinn ech sécher, datt hien et weider bleift. An wann d’CSV géing an d’Oppositioun kommen, weess ech, datt et fir de Staatsminister och keng Onéier wier Oppositiounschef ze sinn an an d’Parlament ze goen, contrairement zu villen anere Leit, déi dat net wëllen.

Sascha Georges: Claude Wiseler, Merci fir dat Gespréich.

Dernière mise à jour