De Ministère

An der Regierungserklärung goufe fir jiddwereent vun den Departementer, déi zesummen de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte bilden, spezifesch Objektiver definéiert.

Déi prioritär Interventiounen, déi op dëser Basis am Beräich Transport an ëffentlech Aarbechte geplangt sinn, ginn heirënner presentéiert.

Eng integréiert Transportpolitik konkretiséieren an ëmsetzen

D'Regierung huet vir, dem Iwwerwanne vum Mobilitéitsengpass, deen am Moment déi professionell a privat Mobilitéit präägt, absolut Prioritéit ze ginn.

D'Strategie vun der nohalteger Mobilitéit (Modu 2.0) stellt an dëser Hisiicht eng Orientéierung duer, déi et gëllt ze präziséieren an ëmzesetzen.

D'Zil ass et, eng gutt Verkéiersverbindung duerch den ëffentlechen Transport virzegesinn an déi aktiv Mobilitéit scho bei der Planung vun all Stroossen- an Zuchinfrastruktur, vun ëffentleche Gebaier, vun neie Wunnengen, vun neie Fräizäitofferen an dem Bau vun Akafszentren ze berécksichtegen an eng geziilt Gestioun vun de Parkplazen anzeféieren.

An deem Kader gëtt no der Strategie, déi Modu 2.0 virgesäit, en nationale Mobilitéitsplang entwéckelt an ob d’Besoinen um Horizont 2035 zougeschnidden.

Fir d'Datë fir d'Mobilitéitsplanung op effizient an duerchgoend Aart a Weis ze ermëttelen, gëtt e Mobilitéitsobservatoire agefouert.

Zousätzlech Aktiounsvecteure fir eng séier an nohalteg Bauweis ermëttelen

Am Hibléck op déi ganz kuerzfristeg Besoinen un Infrastrukturen ass et d'Zil, Infrastrukturprojeten an ëffentlech Bauten ouni Zäitverloscht an iwwerflësseg finanziell wéi och personell Ressourcen ze plangen an ze bauen.

En usprochsvollen Investitiounsprogramm an eng finanziell Kontroll vun de grousse Projeten erlaabt eng séier an onopwänneg Ëmsetzung.

E Kompetenzzenter fir ëffentlech Opträg an en zweete fir nohaltegt Bauen a Kreeslafwirtschaft ginn ageriicht.

Organigramm

Administrativ ass de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an 2 Departementer agedeelt:

De Ministère gëtt beim Ausféiere vu sengen Attributioune vun 2 ëffentleche Strukturen (établissements publics) ënnerstëtzt.

Aktualiséiert